Léif Memberen,
Mir freeën eis Iech op eis Generalversammlung anzelueden.
Si gëtt Freides, den 25 Oktober 2019 ëm 19h00 am „Restaurant “ Le Gourmet“ zu Jonglenster ofgehalen.
Dagesuerdnung :
- Begréissung vun der Presidentin
- Rapport vun den Aktivitéiten
- Rapport vun de Finanzen
- Diskussioun
- 40 Joer Bestoen vum Club
Duerno Owesiessen:
MENU
Apéritif : Coupe Crémant
Dos de Sandre, risotto safrané
Noix de jambon rôtie au miel, duo de purées
Dessert une surprise
Wann een Vegetarier oder Allergien huet mellt Iech w.e.g . beim Anja 787645
D’Onkäschtebedeelung ass 15 € fir d’Membere vun der Saison 2018-2019 an 30 € fir déi nei Memberen.
D’Reservatioun geschitt duerch Iwwerweise vum Betrag op de Kont:
IBAN LU04 0030 1165 1653 0000 bei der BGL, virum 18. Oktober 2019.
P.S. Mir sichen nach dringend néi Membere fir an de Comité. Wann dir drun intresséiert sidd, da mellt Iech bei engem aus dem Comité. Mme Sinnes 789412 oder Mme Daemen 787645
- De Chrëschtmaart ass den 30.11.2019, mir verkafe Saumon-Toast a Cremant.
- De Kannerfuesbal ass den 01.03.2020
Fir de Comité
Anja Daemen